ONS LËSCHT FIR D’STAD



























Den 11. Juni si Gemengewalen. Dann decidéiert Dir, léif Staterinnen a Stater, iwwert d’Zukunft vun onser Stad.
Ons Stad huet sech an de leschte Joerzéngte séier entwéckelt. Ëmmer méi Mënsche wëllen an onser schéiner Stad liewen a schaffen. Dat bréngt Erausfuerderunge mat sech, z.B. beim Wunnraum, der Mobilitéit an dem Zesummeliewen. Dobäi komme global Defisen wéi d’Klima- an d‘Energiekris.
Fir ons gréng ass kloer: Wa mir an Zukunft eng gutt Liewensqualitéit garantéiere wëllen, kënne mir deenen Entwécklungen net just nokucken, mee mir mussen zesumme mat de Biergerinnen a Bierger proaktiv Léisunge fannen.
An deene leschte Jore goufen et awer amplaz vun zukunftsorientéierter Gestaltung vum DP-CSV Schäfferot virun allem Ausrieden a verpasste Chancen. Et ass dofir Zäit fir eng politesch Erneierung mat engem neie Buergermeeschter an enger neier Ekipp, déi de Courage huet, mat ambitiéise Léisungen d’Liewensqualitéit an onser Stad ze erhalen an ze verbesseren. Eng Ekipp, déi zesumme mat alle Staterinnen a Stater haut d’Zukunft vu muer schaaft.
Zukunft schafen, dat heescht fir liewenswäert Quartiere suergen, an deene méi Plaz ass fir sech ze begéinen. Et heescht, ons Mobilitéit zukunftsfäeg ze organiséiere mat der Prioritéit um ëffentlechen Transport, de Foussgänger:innen an dem Vëlo. Et heescht, ons Stad mat méi erneierbaren Energien a manner Offall bis 2035 klimaneutral ze maachen an d’Bierger:innen dobäi z’ënnerstëtzen. Et heescht, déi Jonk ze stäerke mat enger héich qualitativer Schoul a gudde Betreiungsstrukturen. Et heescht, fir eng sozial a sécher Stad ze suergen, andeems mir d’Problemer un der Wuerzel uginn. An et heescht och, sécher ze stellen, dass jiddwereen:t an onser Stad en Doheem fënnt a sech fräi entfale kann.
Mir gréng sinn de Garant fir eng gutt a liewenswäert Stad. A mir si bereet, Verantwortung un der Spëtzt vun der Gemeng ze iwwerhuelen – mat neie Gesiichter, frëschen Iddien a klorem Engagement.
Onse ganze Programm fannt Dir hei um Site. Mir freeën ons drop, an den nächste Woche weider mat Iech an d’Gespréich ze kommen. A mir hoffen op Äert Vertrauen den 11. Juni fir e frësche Wand an onser Stad.
François Benoy | Claudie Reyland | |
Buergermeeschter-Kandidat Co-Spëtzekandidat Gemengerot an Deputéierten | Co-Spëtzekandidatin Gemengeréitin |
Deputéierten, Gemengerot a Buergermeeschter-Kandidat
Moien, ech sinn de François. Ech hu 37 Joer an 2 Kanner, a wunnen zu Bouneweg. Um Belair opgewuess, hunn ech fréi bei de Scoute geléiert, dass ee just zesumme viru kënnt. No mengem Studium hunn ech mech jorelaang bei natur&ëmwelt fir den Naturschutz agesat.
Als Gemengerot hat ech an de leschte Joren d’Chance, all d’Facette vun onser Stad kennen ze léieren. Ech sinn iwwerzeegt: D’Potential ass do, fir d‘Liewensqualitéit ze verbesseren, mir mussen et just notzen. Ons Stad brauch dofir e frësche Wand, och un der Spëtzt vun der Gemeng. Dowéinst kandidéieren ech fir neie Stater Buergermeeschter ze ginn.
Gemengeréitin a Spëtzekandidatin
Moien, ech sinn d’Claudie. Ech hunn 58 Joer a si Mamm vun 2 Kanner. Aneren hëllefe war mir ëmmer scho wichteg. Dofir sinn ech Déierendoktesch ginn an hu mech och benevole an der Rettungshondsstaffel vum roude Kräiz engagéiert.
Nodeems ech laang a Clausen an am Neiduerf gewunnt hunn, sinn ech elo um Lampertsbierg. Ech si gäre vill ënnerwee an onser Stad. Näischt maachen ech léiwer, wéi mat Frënn an den Theater oder an e Concert ze goen. D’Kultur bréngt d‘Mënschen zesummen. Dofir setzen ech mech fir eng gréng an oppe Stad an, mat enger attraktiver kultureller Offer fir jiddwereen:t.
Mat méi Plaz fir Foussgänger:innen a Kanner, enger besserer Mobilitéit, méi Gréngs an Terrasse ginn ons Quartieren zu richteg flotte Plaze fir Leit ze begéinen, mat enger besserer Liewensqualitéit.
Mir engagéieren ons fir eng inklusiv, sozial an nohalteg Stad, déi hir Bierger:innen am Alldag ënnerstëtzt, fir dass jiddwereen déi selwecht Chancen huet a sech verwierkleche kann, onofhängeg vu finanzielle Moyenen oder Originnen.
D’Stad muss et jiddwerengem erméiglechen, sech sécher zu Fouss oder mam Vëlo ze beweegen, sief dat fir op d’Aarbecht, an d’Schoul oder fir akafen ze goen. Mam nationale Mobilitéitsplang 2035 vum grénge Minister sinn d’Prioritéite kloer. Elo mussen se an der Stad ëmgesat ginn.dfghjklé