Deng Iddi fir ons Stad
Schéck eis deng Iddi oder Reclamatioun eran!
An dengem Quartier ass den Trottoir ze schmuel oder et feele flott Plazen? Dech stéiert eppes oder du hues eng konkret Iddi, fir eppes ze verbesseren?
Egal ëm wat et geet, mir huelen deng Iddi oder Reclamatioun Eescht a ginn der Saach no, z.B. am Gemengerot oder an de Kommissiounen, a ginn Dir e Retour.
Fir eis se eranzeschécken, klick HEI fir op onse partizipativen Tool ze kommen.
Mir freeën ons op deng Iddien.
Deng Ekipp vun déi gréng Stad Lëtzebuerg.
Froen an Äntwerten
Wéi benotzen ech den Online-Tool?
Klick op de Link hei driwwer. Am Online-Tool kanns du als éischt eng Rei fakultativ Froe beäntwerten. Duerno kënns du op eng interaktiv Kaart vun der Stad Lëtzebuerg, wous du deng Iddi oder Reclamatioun kanns androen, entweeder mat engem eenzele Punkt, deens de op d’Kaart setze kanns, enger Linn, oder eng Beräich, deens du markéiers, jee nodeems wourëms et geet.
Wéi a wéini kréien ech e Retour?
Falls du e Retour op deng Reclamatioun oder Iddi wëlls, muss du am Online-Tool deng E-mail uginn. Mir mellen eis dann esou séier wéi méiglech bei dir.
Wat maacht dir mat menger Iddi oder Reclamatiounn?
Mir sinn am Moment déi gréissten Oppositiounspartei am Stater Gemengerot. An där Funktioun wäerte mir deng Iddi oder Reclamatioun an de kommunale Kommissiounen oder am Gemengerot thematiséieren an esou Drock op de Schäfferot maachen, fir dass sech eppes verbessert. Mir ginn dir dann e Feedback, wat fir eng Äntwert mir kruten a ginn der Saach weider no.
Ech wëll net iwwer den Online-Tool fueren oder ginn net eenz domat. Kann ech meng Iddi oder Reclamatioun iwwert en anere Wee era ginn?
Jo, du kanns eis och einfach eng E-mail schreiwen op stad@greng.lu