Gemengerot 23/03
Déi Stater Gréng hu 5 Froen um Ordre du jour vum Conseil iwwert de Contrôle vun de logements insalubres, d’Ëmsetzung vun de Mesuren vum Drogendësch 2.0, Noperschaftsfest, Souveraineté numérique vun der Gemeng an den Affichage culturel.
Mir hunn am Kontext vum Ëmweltaktiounsplang och eng Motioun deposéiert, an där mir méi Efforte fir d’Energietransitioun fuerderen. Dës gouf vun der DP-CSV Majoritéit ofgeleent.
