Wiessel am Gemengerot
D’Linda Gaasch annoncéiert op den 31. Januar hir Demissioun aus dem Stater Gemengerot. No knapp 7 Joer Asaz am Gemengerot fir déi gréng Cause mécht si heimat eng Paus aus der éischter politescher Rei. Fir si réckelt de Fabricio Costa an de Gemengerot no.
Déi 37 Joer jonk Linda Gaasch ass säit 2019 am Stater Gemengerot fir déi gréng engagéiert an huet sech hei an de leschte Jore besonnesch fir eng staark Ëmwelt, konsequente Klimaschutz an en intelligenten Urbanismus agesat. Aus perséinleche Grënn huet si entscheed, hire politeschen Engagement ze pauséieren. Si bleift awer Member vun der konsultativer Ëmweltkommissioun, esou dass d’Stad weider op hir Expertise an deem Beräich ziele kann.
Mam Fabricio Costa réckelt eng jonk an engagéiert Persoun no. Vun 2022 bis 2024 war hie Co-Spriecher vun déi jonk gréng, fir d’Europawalen 2024 ee vun den zwee Spëtzekandidaten. Hien ass 30 Joer al, wunnt säit senger Kandheet am Pafendall a war iwwert d’Joren a verschiddene Stater Musiksveräiner engagéiert. Him leie besonnesch d’ekonomesch Entwécklung an d’Attraktivitéit vun der Stad um Häerz. Am Gemengerot wäert hien d’Dossieren Stadentwécklung, Commerce, Ëmwelt a Klima iwwerhuelen.
D’Stater Sektioun seet dem Linda vun Häerze Merci fir säin Engagement am Stater Gemengerot a freet sech, an Zukunft weiderhinn op säin Asaz an der Emweltkommissioun zielen ze kënnen. Dem Fabricio wënscht d’Sektioun vill Succès a senger neier Funktioun.
