background background

Stad Lëtzebuerg

Merci Claudie fir 8 engagéiert Joer als gréng Gemengeréitin an der Stad

Den 8. Mee 2025 huet d’Claudie Reyland de Membere vun déi gréng Stad Lëtzebuerg hir Demissioun als Gemengeréitin fir September annoncéiert. No 15 Joer aktiven Engagement als Member bei de Stater Gréngen an 8 Joer am Gemengerot, trëtt d’Claudie gär politesch e bësse méi lues…

D’Veterinärin Claudie Reyland ass 2011 fir t’éischt mat an d’Stater Gemengewalen gaang an dunn 2017 an de Gemengerot nogeréckelt. Si war och Ko-Spëtzekandidatin bei de leschte Gemengewalen, laang als Ko-Presidentin vun déi gréng Stad awer och national am Conseil exécutif an am Genderrot vun der grénger Partei engagéiert.

Als Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun huet si sech vill fir Geschlechtergerechtegkeet a besonnesch och fir eng LGBTIQ+ frëndlech Stad staark gemaach. Si war gréng Spriecherin fir d’Kultur an de Sport, wou hier besonnesch den sozialen Aspekt wichteg war. Och d’Bréck mat Lift tëscht dem Cents, dem Neiduerf an dem Kierchbierg esou wéi eng verbessert Gestaltung vun der Avenue Pasteur louchen hir um Häerz.

Fir d’Rentrée am Hierscht wäert dann d’Liudumila Vanira Branca am Gemengerot noréckelen. Liudmila wunnt um Kierchbierg an ass éierenamtlech Presidentin vun der Associatioun Guinendadi.

Di ganz Lokalsektioun vun déi gréng Stad seet dem Claudie vun Häerze Merci fir hiren groussen Asaz all di Joren.