background background

Stad Lëtzebuerg

Debatte fir de Budget 2024

Grad ewéi an der DP/CSV-Schäfferotserklärung feelt et am Stater Budget u konkreter Politik, déi d’Stad weiderbréngt an d’Liewensqualitéit vu senge Bierger.innen verbessert.

Onsem Fraktiounschef François Benoy seng ganz Ried zum Stater Budget 2024 ass online um www.francoisbenoy.lu.

Am Kader vun de Budgetsdebatten hu mir eng Motioun deposéiert, ënner anerem fir de Gemengerot am Livestream op Franséisch an Englesch ze iwwersetzen, fir dass méi Biergerinnen a Bierger d’politesch Debatten an der Stad kenne suivéieren. Leider huet d’DP/CSV Majoritéit d’Motioun ofgeleent.