background background

Stad Lëtzebuerg

Für eine lebenswerte und sichere Stadt ohne billige Wahlkampfpolemik

Den 27/03/2023 stëmmen déi gréng Stad Lëtzebuerg géint d’Propose, d’Heeschen an der Uewerstad allgemeng ze verbidden.

D’Propositioun vun der DP-CSV Majoritéit fir en allgemengt Heeschverbuet anzeféieren ass reng Augenwischerei. D’Buergermeeschtesch huet schonn zouginn, datt net kloer ass, wéi dës Mesure ëmgesat gi sollen. Et handelt sech dobäi em Symbolpolitik, déi d’Tatsaach verstoppe soll, datt d’Buergermeeschtesch et net fäerdeg bruecht huet de Sécherheetsniveau am ëffentleche Raum an hire bal 3 Joerzéngte um Pouvoir ze garantéieren, esou wéi et de Bierger*inne säit Joerzéngte versprécht.

Amplaz vun enger wahlkampfgedriwwener Symbolpolitik, brauche mir eng ganzheetlech Approche zu sozialen a sécherheetspolitesche Froen. Ënnert dem grénge Minister fir Bannent Sécherheet gouf d’Police ënner anerem duerch méi Beamten am Garer Quartier, méi Presenz um Terrain an dem d’Gesetz em d‘Persounen, déi den Zougang zu Gebaier blockéieren, verstäerkt ginn. Dës Entwécklung muss konsequent weidergefouert ginn. Et geet awer net duer, nëmmen op repressiv Moossnamen ze fokusséieren, d’Preventioun, z.B. duerch méi Streetwork, Housing first an d‘Offer vu mobile Gesondheetsservicer souwéi dezentraliséiert Sozialstrukturen, muss och konsequent ausgebaut ginn.