background background

Stad Lëtzebuerg

Merci Carlo fir 16 engagéiert Joer fir ons Stad

Am Gemengerot vum Méinden, 27. September 2021 huet de Carlo Back seng Demissioun als Gemengeconseiller an der Stad Lëtzebuerg bekannt ginn. No 16 engagéierte Joer fir eng méi ekologesch a nohalteg Stad, léisst de Carlo d’Plaz engem aneren. D’Maria Eduarda de Macedo wäert d’Mandat iwwerhuelen.

De Carlo, och nach Karel genannt, huet an de Gemengewalen 1999 fir t’éischt kandidéiert, a koum 2005 an de Gemengerot, wou hien 2011 an 2017 erëmgewielt gouf. Hee kann houfreg an zefridden zréckblécken op alles, wat hien erreecht huet.

Ee vu sengen Haaptinteressie war d’Educatioun. Vun 2005 bis 2018 war de Carlo Member an der Schoulkommissioun. Hei huet hien sech agesat fir eng Schoulbildung, di dozou bäidréit d’sozial Ënnerscheeder an eiser Gesellschaft auszegläichen.

En anere Schwéierpunkt vum Carlo waren d’Entwécklung vum ëffentlechen Transport a vun der doucer Mobilitéit. Esou konnt hien mam blo-grénge Schäfferot 2014 dozou bäidroen, dass den Tramsprojet no joerzéngtelaanger Diskussioun op d’Schinne gesat gouf. Och sengem onermiddlechen Asaz ass et ze verdanken, dass de Vëlo sech an onser Stad entwéckelt huet: d’Vëloswee goufen an där Zäit verdräifacht an de Modal-Split vum Vëlo verfënneffacht, de Vel’oh koum an d’Stad an de Pafendaller-Lift gouf gebaut …

De Carlo huet och seng Demissioun als Deputéierte vun 2022 un annoncéiert.

Zesumme mat Partei a Fraktioun seet d’Lokalsektioun vun déi gréng Stad dem Carlo vu ganzem Häerze Merci fir säi groussen Asaz all di Joren. De Carlo bleift de Stater Gréngen mat guddem Rot un der Säit an féiert säin Engagement och a verschidde berodende Kommissiounen an der Stad Lëtzebuerg weider.

Merci Carlo pour 16 années d’engagement pour notre Ville

Au Conseil communal du lundi, 27 septembre 2021, Carlo Back a annoncé sa démission en tant que Conseiller communal de la Ville de Luxembourg. Après 16 années d’engagement pour une ville à caractère écologique et durable, Carlo cède sa place. Ce sera Maria Eduarda de Macedo qui prendra la relève.

Candidat aux élections communales en 1999, élu Conseiller communal en 2005, réélu en 2011 et 2017, Carlo peut regarder en arrière avec fierté et satisfaction et avec un sentiment de mission accomplie.

Un des intérêts principaux de Carlo était l’éducation. Il était membre de la commission scolaire de 2005 à 2018 où il s’est particulièrement investi pour une éducation permettant de combler les différences sociales existantes dans notre société.

Un autre centre d’intérêt pour Carlo était le développement des transports en commun ainsi que de la mobilité douce. Il a pu participer à la mise sur les rails du projet tram par le Conseil échevinal DP-déi gréng en 2014. C’est également grâce à son investissement infatigable que Carlo a fortement contribué au développement de la mobilité douce: le nombre de pistes cyclables a pu être multiplié par trois, la part modale du vélo par cinq, le système de location Vel’oh a pu voir le jour…

Carlo a également annoncé qu’il démissionnera de sa fonction de député début 2022.

Ensemble avec le parti et le groupe parlementaire, toute la section locale de déi gréng Stad Lëtzebuerg remercie Carlo très vivement et très chaleureusement pour son engagement durant toutes ces années. Carlo restera de bon conseil pour les décisions qui devront être prises en politique communale dans les années à venir et prolongera son engagement dans diverses commissions consultatives de la Ville de Luxembourg.