background background

Stad Lëtzebuerg

Onofhängegkeet a Fräiheet fir d'Stater Kulturinstitutiounen

D’Bommeleeër-Affär sollt Deel vun der Ausstellung “Gleef dat net!” am Luxembourg City Museum sinn, ma d’Stater Buergermeeschtesch huet sech dem opposéiert. Mir gréng si domat net d’Accord, well mer fannen dat e.ng Buergermeeschter.sch sech net dierf an d’Programmatioun vu kulturellen Institutiounen ameschen. D’Kultur brauch hir Onofhängegkeet a Fräiheet a soll zum kriteschen Denken unzereegen. Am leschte Gemengerot huet ons Conseillère Claudie Reyland an deem Sënn eng Fro un de Schäfferot gestallt a mir hunn eng Motioun deposéiert.

 

Article 1 – question Reyland 1a-2021-3-40 – indépendance Musées VdL
Article suppl – Motion libre expression dans les insitutions culturelles