background background

Stad Lëtzebuerg

Motioun fir d'Rue du Fossé elo definitiv zur Vëlo- a Foussgängerzone ze declaréieren

De 16. September 2020 gouf de neien Vëlo- a Foussgängerwee op der Aler Bréck an der Stad inauguréiert. Dëse Vëloswee tëscht der Gare an der Kathedral, gouf vum Mobilitéitsministere realiséiert.
 
Duerch di nei Verbindung fueren ëmsou méi Leit mam Vëlo a mir brauchen och eng gutt a sécher Verbindung weider duerch d’Uewerstad. D’Rue du Fossé, de Gruef, erlaabt eng gutt an direkt Verbindung, grad och fir vun der Gare direkt an ouni Ëmwee weider op de Kierchbierg, Lampertsbierg an an de Norde vun der Stad ze kommen.
 
déi gréng Stad Lëtzebuerg fuerderen de Stater Schäfferot an d’Majoritéit op e neits op, d’Rue du Fossé elo definitiv zur Vëlo- a Foussgängerzone ze deklaréieren.
 
Mir hunn de Punkt an deem Sënn op de Stater Gemengerot vum 28. September 2020 gesat an eng Motioun eragereecht (download ennen).