background background

Stad Lëtzebuerg

Konkret Projeten, déi an de Koalitiounsaccord gehéieren

Pressekonferenz vun déi gréng Stad Lëtzebuerg, 6. November 2017

déi gréng waren an de leschte 12 Joer an der Verantwortung an hunn wesentlech Weichen gestalt fir d’Stad ob Zukunft virzebereeden. Elo gëtt vun der DP an der CSV am Koalitiounsaccord verhandelt wat an de nächste 6 Joer an der Stad soll ëmgesat ginn. Eis Erwaardung ass, dat folgend Projeten zügeg ëmgesat ginn. Fir déi Projete ass scho vill Firaarbescht geleescht ginn a si sinn och essentiell fir dat eis Stad an Zukunft nach méi liewenswäert, kannerfrëndlech a progressive gëtt.

 

Kuerze Bilan vun de Walen

Déi nei Equipe vundéi gréng huet en historescht Resultat ereecht a kruut 19,28% vun de Stëmmen. Mir sinn deemno nach eemol – no 12 Joer an der Koalitioun – vum de WielerINNEN gestäerkt ginn (2011: 18,45%).

Mir hunn an de leschten 12 Joer vill dozou bäigedroen des Stad ze moderniséieren, dru geschafft Alternativen zum Individualverkéier ze schafen, Terrainën fir nei Wunnquartieren fräigemaach, en neie Park geplangt. Mir hätte och weider aktiv un der Entwécklung vun der Stad geschafft an eis Iddien fir d’Zukunft gären um Terrain emgesaat. Mir wäerten dat elo aus der Oppositioun eraus maachen, mat genee dem selwechten Engagement, mat onsem kritesche Geescht an an aller Fairness.

 

Erausfuerderungen fir eis Stad

Déi wichtegst Punkten fir déi nächst 6 Joer sinn an onsen Aen:
–       konsequent Alternativen zum Auto schafen fir sech an der Stad ze déplacéieren;
–       méi Wunnraum fir de ganzen Spektrum vun der Populatioun;
–       aner Schoulformen unbidden, déi héich-qualitativ Kannerbetreiung weider entwëckelen;
–       an Parken an Gréngflächen fir Jonk an Aal schafen.

 

Mobilitéit

Et ass ganz vill am Walkampf vun der Mobilitéit geschwat ginn, zu Recht. Mir hunn an der Stad ze vill Autosverkéier, wat eng Degradatioun vun der Loftqualitéit mat sech bréngt, Kaméidi a Stress.

Mir erwaarden ons, datt e kloere Choix en Faveur vum ëffentlechen Transport an der aktiver Mobilitéit getraff gëtt.

Den Trammuss net nëmmen gebaut ginn bis op Cloche d’Or, mat der gréisstméiglecher Ënnerstëtzung vun der Stad. Den neie Schäfferot muss sech och engagéieren d’Extensioun op Hollerech déi scho virgesinn ass, mee och déi um Kierchbierg an déi Richtung Mamer iwwert Areler Strooss mat ze plangen.

Am Kader vun der Entwecklung vum Tram muss d’Velosinfrastruktur weider ausgebaut ginn. Déi Haaptachs Kierchbierg bis Cloche d’Or ass a Planung. Konkret Pläng ginn et schonn fir Avenue de la Liberté an Avenue de la Gare, an deser soll och den Individualverkéier erauskommen. Mir ginn dovun aus datt des Pläng bäibehale ginn an dat daat och esou an de Koalitiounsaccord stoe kënnt. Da mussen d’Quartieren un des Haaptachse mat séchere Vëlosweeër ugebonnen ginn.

Mir hunn iwwer déi läscht Joer flächendeckend 30’er Zonen agefouert an eng Rëtsch Velosinfrastruktureréaliséiert. Dat huet mat sech bruecht datt de Vëlo nees an d’Stadbild koum. Elo gëtt zu Recht no méi séchere Vëlospisten gefrot, fir datt all Mënsch dëst Mëttel kann notzen. Dat geet awer nëmmen an deem een de Stroosseraum ëmorganiséiert, spréch meeschtens Plaz fir den Auto ewech hëlt. Och hei ginn et scho ganz konkret Pläng déi mer ausgeschafft hunn an déi prett sinn fir an de nächste Méint a Joeren ëmgesat ze ginn: z. Bsp : eng Verbindung um Lampertsbierg iwwer d’Avenue Pasteur an Vëlosbréck iwwer d’Neiduerf.

Mir erwaarden ons datt d’Ëmsetzung vun dëse Pläng tel quel an Schäfferotserklärung kënnt grad wei aner Quartiersverbindungen fir de Velo z. Bsp vum Belair, vu Bouneweg, vu Beggen, vun Hamm.

 

Kanner

Vill ënnerschiddlech Sproochen a Kulturen mussen an onse Schoulen ënnert een Hutt bruecht ginn, onst Léierpersonal huet eng komplizéiert Tâche. Do donieft ginn ganz vill Kanner ausserhalb vun de Schoulzäiten an de Foyers’en betreit. Mir sinn der Meenung datt d’Institutiounen Schoul a Foyer am Sënn vun de Kanner méi enk zesummeschaffe missten. An datt och d’Kanner déi an ëffentlechen Betreiungsstrukture sinn vun der Offer vun de Clibb aus der Stad a vum Conservatoire profitéiere musse kënnen.

Mir erwaarden ons:

De Projet Ganzdagsschoulam Garer Quartier muss konsequent weidergefouert ginn an dat muss och esou am Koalitiounsaccord festgehale ginn. Dat dierf net un administrativen Hürden scheitere. Hei ass e Grupp vun engagéiertem Personal déi wëllen op de Wee vun enger Ganzdagsschoul goen, dat heescht e vernetzt schaffen tëscht Foyer a Schoul. D’Gemeng muss dëse Projet leeden a begleeden datt en endlech Realitéit gëtt an dono kann op aner Quartiers’en ausgebaut ginn.

Et muss e Plang opgestallt ginn wei d’Kollaboratioun tëscht de Sportsveräiner an de Foyers’enaus der Stad verbessert ka ginn. Ons Sportsveräiner platzen aus allen Neit, kënnen dacks Kanner net unhuelen, sinn begrenzt op Owesstonnen fir den Training wat dann nees Problemer mat sech bréngt vun de sportlechen Infrastrukturen an der Stad.

Mir sinn der Meenung datt d’Kanner aus de Staater Foyers’en un den Training’en sollen deelhuelen kënnen. Do muss de Schäfferot mat Léisungen kommen. D’Veräiner mussen och besser finanziell vun der Stad ënnerstëtzt ginn, och do gëtt zënter e puer Méint u Léisungen geschafft, déi mussen elo ëmgesat ginn.

An alle Quartiers’en an der Stad mussen nach Crèchen gebaut ginn. Mir hunn der déi läscht 4 Joer ganz vill neier op de Wee bruecht, sou vill wei ni virdrun, deen Effort muss weidergefouert ginn. Eng vun deene neien Crèchen muss och eng Bëschcrèche ginn.

Niewent der Bësch-Spillschoul, déi dat nächst Joer an der Millebaach opgeet, mussen aner Bësch-Spillschoulen am Süden, Osten a Westen vun der Stad geplangt ginn, fir datt all Kanner aus der Stad kënnen an de Genoss dovu kommen.

 

Stadentwécklung

De neie Flächenotzungsplang (PAG) gëtt nohalteg Äntwerten a Léisungen fir d’Entwécklung vun onser Stad an den Erhalt vun der Liewensqualitéit: d’Gréngfläche goufe geschützt, de Bauperimeter net ausgewäit a ronn 1/3 vun den Haiser protegéiert. Ufank Oktober gouf den neien PAG och vum Inneministère approuvéiert.

Um Prinzip vun der Stadentwecklung vu bannen no baussenmuss onbedéngt festgehale ginn. Mir erwaarden ons, datt CSV vun hirer zentraler Demande aus dem Walkampf ofkënnt fir um Rand vum Bauperimeter « am Westen » vun der Stad ze bauen, deen Terrain ass weder preparéiert nach optimal un den ëffentlechen Transport ugebonnen.

An de leschte Joren goufen vill Terrainen, déi a Gemengenhand sinn, preparéiert, wou elo séier ka Wunnraumerstoen.

De neie Stadionass am Bau, et gëtt e neie Site fir den Hygiènesdéngscht a fir de Liichtatletik-Stadion, deemno kann d’Gemeng zäitno op der Areler Strooss op hiren 8ha tëscht 750 an 1000 Wunnenge schafen. Et ass eiser Meenung no eng éischt Aufgab vum neie Schäfferot fir ze kucken, dass hei séier een innovativen an ökologesche Quartier mat virun allem Wunnraum entstoe kann.

Wann een bedenkt dass d’Gemeng och ongeféier Halschent vum Terrain vu Villeroy&Bocham Rollengergronn huet (50% vun 550 Wunnengen => 250-300 Gemengewunnengen) an e groussen Deel vun der Porte de Hollerech, da kann d’Gemeng an de nächste 6 Joer iwwer 1000 nei Wunnenge schafen.

Iwwert d’Agence immobilière sociale, déi eng Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg huet, konnten an de leschte puer Joren iwwer 300 Sozialwunnengen op de Marché kommen. Dës Konventioun muss onbedéngt ausgebaut ginn, fir dass esou nach méi Sozialwunnenge mobiliséiert ginn.

De Baugruppeprojet, deen d’Gemeng Lëtzebuerg op zwou Parzelle lancéiert ass e grousse Succès an e Beweis dofir, dass d’Stad weiderhin nei Wunnformen mat konkrete Projeten ënnerstëtzen muss, sief et iwwer Baugruppen oder zum Beispill Wunn-Genossenschaften.

 

Ëmwelt

10 Joer Ëmweltaktiounsplang weise Wierkung: an der Stad gouf Produktioun vun erneierbaren Energien ausgebaut, de Waasserverbrauch an Offall pro Kapp reduzéiert an op Pestizide gëtt komplett verzicht. Ëmwelt a Naturschutz ass wichteg, grad an der Stad a grad bei enger wuessender Populatioun.

Renaturéierung vun der Péitrussass en eminent wichtege Projet, well en e groussen Erhuelungsgebitt vun de Stater revaloriséiert an och d’Biodiversitéit an den Ofwaasser-Management verbessert. Et goufen elo jorelaang Preparatiounsaarbechten a Punkto Kanalisatioun an Ofwaasser gemaach an de Masterplang gouf schonn Enn 2015 an der Ëmweltkommissioun presentéiert. « Il peut être exécuté en phases de manière à ce qu’un premier tronçon pourrait être mis en oeuvre dans les 5 prochaines années (=> 2016+5=2021), la renaturation complète étant réalisable dans les 10 prochaines années (=> 2016+10=2026). »

D’Stater Gemeinschaftsgäertzu Bouneweg, an der Péitruss, um Lampertsbierg an am Pafendall kennen e grousse Succès. Sou ginn d’Leit aus dem Quartier zesummebruecht, et gëtt an der Natur geschafft an lokaalt Geméis produzéiert. Mir erwaarden ons dass dee Projet op all d’Quartieren ausgebaut gëtt.

D’Stad Lëtzebuerg muss och weiderhin hier Verantwortung am Beräich Klimaschutziwwerhuelen fir dass mir d’Zieler vun der COP21 kennen ereeschen. An de lëschte Joren gouf de Service énergetique ausgebaut an e Solarkadaster gemaach. Elo heescht et op déi 900 Gemengegebeier ënnert d’Lupp huelen fir energetesch ze sanéieren an ze kucken, wou et sënnvoll ass op den Diech Solaranlagen ze installéieren fir grénge Stroum ze produzéieren.

 

Déi gewielten gréng Conseilleren
Sam Tanson
François Benoy
Carlo Back
Tilly Metz
Claudie Reyland