background background

Stad Lëtzebuerg

16. Ersatz

Wahlkampf an onser Haaptstad!

“dat bescht Buch iwwer de Wahlkampf an der Stad 2011 wat ëtt je ginn ass”

An enger Zort Tagebuch beschreiwt den Auteur a Kandidat an der Stad, Paul Zens, an engem locker- flokkegen Stil, d’Wochen a Méint virun de Gemengwahlen: vum Tipping Point iwwer d’Kandidatekür, de Wahlkampf bis de Wahlowend an déi Deeg duerno, a 6 Kapitelen, 144 Säiten an 52 Fotoen (19 Euros, ISBN 978-99959-736-0-5).

Extrait’en Cover Recksäit:
No der Table ronde sin d’Gruppen am Hall verdeelt: do déi eng, hei déi aner, dotëschend de Patt an d’Schnittercher. Dat ass Demokratie. Deen een ass dofir, deen aner dogéint. Deen een steet fir déi déi hien politesch responsable gemaach hun, deen aner fir säin Interessegrupp, een drëtten fir iergendeeen, déi meescht sti fir sech, hannert hirem Octroisheischen, mat der Barrière erof.

Ech pakken et net emol virun d’Lëns vum gréngen Hausfotograf stellen ech beim Bléck an d’Fotogalerie vum Internetsite vun déi gréng fest. Am “an d’Bild druddelen” muss ech nach besser gin. ………..
Do stin ech elo mat Depliant’en am Grapp fir onschëlleg Schnäppchenjeeër Samsdes Moies fréi ze raccoléieren, wat awer gesetzlech verbueden ass. Eigentlech sin ech schei an zréckhalend, deemno ass dëst eng Aufgab, wéi gemaach fir mech.

Inhalt

  1. “Le trame une aubaine pour le Limpertsberg?”
  2. 27 gedeelt duerch 2 ass 13komma5
  3. Meng Campagne fir d’Stad
  4. De Wielerwëllen: 16. Ersatz
  5. Epilog
  6. Fazit

Vum elo un, fir 19 Euros, an all gutt zortéiertem Bicherbuttek: Alinea (rue Beaumont, Luxembourg), Bücherkasten (rue Notre Dame, Luxembourg), Librairie Ernster (rue du Fossé, Luxembourg, Belle- Etoile, City Concorde), Librairie um Fieldgen (rue Glesener, Luxembourg), Libo (rue Bourbon, Luxembourg a soss am Land), Messagerie du Livre (rue Raiffeisen, Luxembourg-Ban de Gasperich)