background background

Stad Lëtzebuerg

Claudie Reyland

  • Gemengeconseillère
  • Präsidentin vun der Chancegläichheetskommissioun
  • Veterinärin
  • Éierenamtlech am Centre de conservation pour chimpanzés a Guinea

Gemengeréitin a Spëtzekandidatin

Moien, ech sinn d’Claudie. Ech hunn 58 Joer a si Mamm vun 2 Kanner. Aneren hëllefe war mir ëmmer scho wichteg. Dofir sinn ech Déierendoktesch ginn an hu mech och benevole an der Rettungshondsstaffel vum roude Kräiz engagéiert.

Nodeems ech laang a Clausen an am Neiduerf gewunnt hunn, sinn ech elo um Lampertsbierg. Ech si gäre vill ënnerwee an onser Stad. Näischt maachen ech léiwer, wéi mat Frënn an den Theater oder an e Concert ze goen. D’Kultur bréngt d‘Mënschen zesummen. Dofir setzen ech mech fir eng gréng an oppe Stad an, mat enger attraktiver kultureller Offer fir jiddwereen:t.