background background

Stad Lëtzebuerg

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss

Am Kader vun enger urgent gestallten Fro vun den 3 Oppositiounsparteien déi gréng, LSAP an déi Lénk zur kontestéierten Auswäitung vun der Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum duerch eng privat Sécherheetsfirma gouf de 25. Januar 2021 op en Neits di ondemokratesch Diskussiounskultur am Stater Gemengerot däitlech. Fir d’Verständnes vun de Bierger a Biergerinnen ass et awer vu Relevanz, dat eng Fro kontextualiséiert gëtt. Dës gouf der Conseillère vun déi gréng Christa Brömmel vun der Buergermeeschtesch haut net erlaabt. Nëmmen d’Virbréngen vun de Froen war méiglech – an eisen Aen en Abus de pouvoir, dee mir net akzeptéiere kënnen.Dowéinst wielen di dräi Oppositiounsparteien elo de Wee vun dësem Pressecommuniqué[1].

An der Diskussioun ass de Kontrakt vun Oktober 2020 vum Stater Schäfferot mat der Firma GDL Security, den Enn Januar op en Enn geet an deen elo ouni weideres verlängert an ausgewäit soll ginn. Dobäi sinn di wesentlech Kritikpunkten un der Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum, dei LSAP, déi Lénk an déi gréng schonn de 7. Dezember 2020 am Gemengerot virbruecht haten nach ëmmer relevant :

Dëse Kontrakt respektéiert eiser Meenung no d’Gesetz vun 2002 iwwer de Gardiennage net, waat d’Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum duerch Privatfirmen net erlaabt. Och den Artikel 97 vun eiser Verfassung, wouno et ausschliisslech der Police virbehalen ass, am ëffentleche Raum fir d’Sécherheet ze garantéieren, ass net respektéiert. Dat féiert zu quasi Null Interventiounsspillraum fir dës Agenten (wann se legal wëlle bleiwen), d’Ursaache vun de Problemer gi nullement geléist a virum allem gëtt d’Bild vun der Police muttwëlles op d’Spill gesat. Dëse Schäfferot mécht awer, wéi wann dat alles keng Relevanz huet an informéiert iwwer de Wee vun der Press vu senger Absicht, de Kontrakt ze verlängeren an och op Bonneweg auszewäiten, ouni eng belaaschtbar Evaluatioun virzeleeën. Méi grave nach : di genannte positive Réckmeldung vun eenzelen Awunner.innen op di Patrulle kann an eisen Aen net decisiv si fir eng Gemeng, wann d’Fro no der Legalitéit net gekläert ass. Mir gesinn hei Stolpersteng vum Populismus.

Eng éischt Asiicht an di Dagesrapporten (keng exhaustiv Analysen), di vun den Agente vu GDL Security fir d’Gemeng verfaasst goufen, gehäit allerdéngs Froen op: Sou gi beispillsweis awer eenzel Incidenter tëschent GDL Security an der Police notéiert, d’Interventioun ausserhalb vum ëffentleche Raum ass beschriwwen, racial profiling ass dokumentéiert, den Hond gëtt aktiv agesat, d’Agenten huelen eegen Initiativë par rapport zu Leit, di hirer Meenung no den Ordre public stéieren.

Fro no der Evaluatioun ass deemno ganz relevant, an si muss verknëppt gi mat der Fro nom Contrôle vun den Agenten. 

Di gréisste Problematik bleiwt awer, dat hei Policeaarbecht a Policeautoritéit ënnergruewe ginn an doduercher d’Awunner.inne kee Vertrauen an d’Police setze kënnen. An dat gëtt vun dësem Schäfferot guttgeheescht.

Dowéinst hu mir am Dezember Kontakt opgeholl mat Inneministesch Mme Bofferding, di an hirem Bréif vum 21. Januar geäntwert huet: « L’exercice de la police administrative constitue un service public dont l’organisation ne peut pas être déléguée, mais que la collectivité publique doit assurer en régie. La délégation, par la commune à une personne physique ou morale, de missions de maintien de l’ordre, que ce soit par un contrat ou par un autre moyen, est, à priori, non conforme au principe précité. » Mme Bofferding schreift, dat di Missioun vun der Sécherheetsfirma « peut entrer en conflit avec le principe de la gestion en régie du service public de la police administrative » an si confirméiert doduerch d’Aussoe vum Minister fir Bannescht Sécherheet.

Problemer (besonnesch Drogekriminalitéit an Incivilitéiten) ginn natierlech eescht geholl – an si brauchen ugepasste Léisungen. Dozou sief gesot, dat d’Police zënter November 2019 Efforte gemaach huet: méi Agenten an eng Reorganisatioun vun den Aarbechtsofleef suerge fir méi Interventiounen a méi Effikacitéit. Police muss weiderhin duerch Präsens um Terrain Vertrauen zur Bevëlkerung opbauen. Di Stater Gemeng huet an de leschte Joeren hier Sozialaarbecht ausgebaut, wat d’Zoustëmmung vu LSAP, déi Lénk an déi gréng fënnt.

Dowéinst bleift fir déi gréng, déi Lénk an d’LSAP kloer :

Hei gëtt eng Moossnam verlängert, déi de Leit Sand an d’Aen street an e puer Kommunalpolitiker.innen als Maacher vu Law an order do stoe léisst. Awer dës Moossnam ass weder konform mat der Verfassung an dem Fait, dat privat Sécherheetsdéngschter näischt am ëffentleche Raum ze sichen hunn. Ausserdeem si privat Sécherheetsdéngschter net di richteg an néideg Äntwer um Terrain. D’Gemeng soll eiser Meenung no di doten Zesummenaarbecht stoppen, weiderhin di sozial Preventioun ausbauen an d’Zesummenaarbecht mat der Police verbesseren, di zoustänneg an och kapabel ass d’Sécherheet am ëffentleche Raum z’assuréieren



[1] Eng Motioun, di d’Iwwerschaffe vum Reglement interne par rapport ënner aanerem fir eng besser Debattenkultur, hu mir am Dezember 2019 agereecht.