background background

Stad Lëtzebuerg

Mobilitéit am Gemengerot vum 13/7/2020

Den 13. Juli 2020 goufen am Stater Gemengerot fënnef Motiounen iwwert d’Douce Mobilitéit diskutéiert a gestëmmt.

Leider gouf ons gréng Propose fir grad elo an Zäite vun der Pandemie konsequent méi Plaz fir de Vëlo an de Foussgänger ze schaffen vun der DP-CSV Majoritéit ofgeleent, grad ewéi dräi weider ambitiéis Proposen vun der LSAP an déi lénk.

Di schwaach DP-CSV Motioun gouf ugeholl – mir hunn ons dobäi enthalen, well d’Prioritéit an d’Urgence fir elo dem Vëlo an dem Foussgänger substanziell méi Plaz an der Stad ze ginn, net erkannt gouf.

Mir bleiwen jiddwerfalls drun, fir eng Stad mat konsequent méi Raum fir d’Foussgänger an d’Cyclisten, eng Stad mat méi Liewensqualitéit.

Fir dass jiddereen sech selwer e Bild vun de Propose ka maachen, hei drënner di fënnef Motiounen an hei kann een d’Debatt nokukken: https://www.vdl.lu/fr/la-ville/vie-politique/conseil-communal/seances-du-conseil-communal