background background

Stad Lëtzebuerg

CSV Spëtzekandidat Serge Wilmes refuséiert Face-à-Face mam Sam Tanson

déi gréng Co-Spëtzekandidatin Sam Tanson hätt dëse Mëttwoch sollte bei RTL Télé Lëtzebuerg e Face-à-Face mam Serge Wilmes an dem Roy Reding ophuelen, deen en Donneschden Owend diffuséiert gëtt. Awer dozou ass et net komm, well de Serge Wilmes – trotz ursprénglecher Zouso – déi Diskussioun refuséiert huet.
 
D’Sam Tanson ass – genee wei och all déi aner Kandidaten – e Méinden den Owend vun RTL informéiert ginn, dat hier Redaktioun d’Configuratioun vun den zwee grousse gemengepolitesche Face-à-Facen an der Stad wéilt änneren. No hirer neier Propose sollt d’Sam Tanson un engem Face-à-Face mam Serge Wilmes deel huelen. Fir d’Sam Tanson war et selbstverständlech, dat d’Redaktioun vun RTL fräi ass ze decidéieren, wien « géinteneen » untriede soll. Et geet eiser Meenung no an der Wahlcampagne virun allem drëms, de Wieler an d’Wielerinne Geleeënheet ze ginn, Iddien an Argumenter vun all de verschiddene Parteien an enger lieweger Diskussioun ze héieren.
 
Em sou méi erstaunt waren déi gréng haut, wéi mer per Communiqué gewuer gi sinn, datt de CSV Spëtzekandidat wéilt um Face-à-Face mat dem Lydie Polfer festhalen. Hien ass schliisslech guer net op den Enregistrement vun der Emissioun komm, trotz senger Zouso vun e Méinden Owend.
 
déi gréng fannen et schued, datt dem Wieler déi kontrovers Diskussioun iwwer d’Walprogrammer vun déi gréng a CSV virenthale gouf. Dëse Face-à-Face wier eng gutt Geleeënheet gewiescht d’Ënnerscheeder duerzeleeën an d’Koherenz vun den Iddi’en z’iwwerpréiwen.
 
déi gréng wonneren sech och iwwer d’Ausleeë vun der Pressefräiheet bäi der CSV.
 
déi gréng hunn awer doriwwereraus Problemer ze verstoe wisou de Spëtzekandidat vun der CSV, déi genee esouvill Sëtz am Stater Gemengerot huet wéi déi gréng, der Meenung ass, hien hätt et net néideg mat der grénger Spëtzekandidatin Sam Tanson
ze diskutéieren.
 
déi gréng Stad